14/12/2025
Léif Client'en
no ville schéine Joeren vun schéinen Gespréicher an onvergiessleche Momenter maachen mier den Café leider zou. Dës Decisioun ass eis net einfach gefall, well Dir et sidd, déi den Café mat Liewen, Freed a Wäermt erfëllt hudd.
Am Liewen ass et esou daat een o mol en aaneren Wee anschléit an daat aaner Dieren opgin.
Mir wëlle Ierch vun Häerzen Merci soen, fir aert Vertrauen, Är Ënnerstëtzung an all déi schéin Momenter, déi mir zesumme konnten deelen. All Erënnerung bleift fir eis eppes Besonnesches.
Och wann eis Dieren elo zouginn, bleift d'Dankbarkeet fir all déi Joren bestoen.
Villmools Merci fir alles.
Mir wënschen Iech nëmmen daat Bescht an hoffen, datt eis Weeër sech vläicht enzwech aanescht erëm kräizen.
Mat häerzleche Gréiss
Café Nidderkuerer Stuff