30/10/2025
Schéi Postkaart vun 1904 vum fréieren Hotel Weis-Hemes zu Räichel, mat e puer Vëlosfuerer an zwou Kutschen, déi fir de Fotograf poséiert hunn.
D’Uertschaft läit an der Gemeng Réiden un der Kräizung vun den dräi Nationalstroossen N22, N23 an N12. Duerch dës villbefuere Verkéiersachsen, déi eng wichteg Verbindung tëscht dem Nordweste vum Land an dem Zentrum bilden, gouf 2025 op dëser Plaz e Rond-point ageweit, fir de Verkéier besser ze leeden.
D’Auberge existéiert schonn zanter 1848 a steet warscheinlech am Zesummenhang mam Bau vun der N12 (Saeul–Wolz), deen 1846 ugefaangen huet.
D’Gebai ass haut nach ëmmer bal dat selwecht, obwuel d’Fassad méi grouss Ëmbaute matgemaach huet. D’Unuerdnung vun de Fënsteren um Rez-de-chaussée an um 1. Stack ass awer nach identesch mat där vu fréier.
Zum Zäitpunkt vun der Opnam gouf den Hotel vum Henri a vun der Barbe Weis-Hemes gefouert. Schonn an den 1860er Jore fënnt een an Annoncen den Hiweis, datt d’Wiertschaft vun der Famill Weis gefouert gouf.
1866 war am Hotel Weis och den Auswanderer-Agent Henri Strauss op der Plaz, fir potentiell Amerika-Auswanderer hir Rees vun Antwerpen op New York oder New Orleans z’organiséieren.
1907 erschéngt an de Zeitungen eng Reklamm, déi d’gutt Kichen vum Haus ervirhieft – ënner anerem Frellen an Ecrevissen – an, datt dem Hotel och d’Aangelrecht op véier Kilometer laanscht d’Atert gehéiert huet.
1909 huet d’Duechter vum Koppel Weis-Hemes, d’Catherine Weis, wéi aus dem Registre de Commerce ervirgeet, de Betrib iwwerholl. D’Catherine, déi ni bestuet war, ass 1954 am Alter vun 82 Joer gestuerwen.
Nom Kaf vum Hotel Weis duerch de Kach Lucien Hansen-Thielen vu Miersch ass d’Haus am Abrëll 1955 no engem groussen Ëmbau nei opgaangen. Warscheinlech geet déi aktuell Fassad op dësen Ëmbau zeréck. Duerno krut den Hotel och säin neien Numm: Hotel Hansen.
De Lucien Hansen ass 1972 gestuerwen, an den Hotel gouf duerno nach eng Zäit vun der Famill weidergefouert.
Am Registre de Commerce vun 1988 gouf de Numm vum Etablissement op „Hostellerie de Reichlange (anc. Hotel Hansen)“ geännert, ier en 1999 geläscht gouf. Proprietären zu där Zäit waren de Charles, de Carlo an de Claude Keup.
Vun 1993 bis 2004 war de Claude Fischer Gérant vum Restaurant.
Haut sinn hei am lénken Deel vum Komplex de Restaurant-Pizzeria Piperis an am rietsen Deel de Café „Chez Lisa“.