Koeppchen

Appeler Itinéraire Site Web Contacter l'entreprise

Koeppchen Koeppchen - Zënter 1907 - Koeppchen - Zënter 1907-
(422)

Ei eng gutt waarm Bouneschlupp!Kommt laanscht a wiermt iech op...
11/11/2026

Ei eng gutt waarm Bouneschlupp!

Kommt laanscht a wiermt iech op...

Op eisem Menu "Richteg, Traditionell, Lëtzebuergesch" steet des Woch: eng gutt gehäerzte Bouneschlupp, e gegrillte Saumo...
10/11/2026

Op eisem Menu "Richteg, Traditionell, Lëtzebuergesch" steet des Woch: eng gutt gehäerzte Bouneschlupp,
e gegrillte Saumonsfilet mat Rieslingszooss an Tierteg (Wikipedia: en traditionellt Rezept fir Reschter ze verwäerten. Den Numm „Tierteg“ kënnt vum franséischen tiretaine, enger Zort Stoft deen aus Woll a Léngent gewieft gouf. Well den Tierteg och haaptsächlech aus zwéi Bestanddeeler, nämlech Gromperen a Sauermous, gemaach gouf, huet hien och dëse Numm krut).
No dëser laanger Erklärung ass et Zäit fir en Dessert: Profiteroles mat Glace a Schockelaszooss. Ei, e Genoss!

Prost e gudden Appetit a bis ganz gläich...

Endlech nees Wëld , endlech nees Spëtzelen, endlech nee roude Kabes.Mir starten d`Wëldsaison mat Civet de Chevreuil, Méd...
05/11/2026

Endlech nees Wëld , endlech nees Spëtzelen, endlech nee roude Kabes.
Mir starten d`Wëldsaison mat Civet de Chevreuil, Médaillons de Biche a natierlech eisem grousse Klassiker dem Wëll Sau Burger.
Kommt laanscht a loosst iech einfach just verwinnen.

Prost e gudden Appetit a bis ganz gläich...

Och an der Vakanz geet et lecker an traditionell weider bei eis op der Koeppchen. Fir waarm ze ginn zerwéiere mir en Ier...
03/11/2026

Och an der Vakanz geet et lecker an traditionell weider bei eis op der Koeppchen.
Fir waarm ze ginn zerwéiere mir en Ierbessebulli.
Als Haaptplat kache mir Kanéngche mat Moschterzooss an als perfekten Ofschloss gëtt et eng Kéistaart.

Prost e gudden Appetit a bis ganz gläich...

Dës Woch kacht eise Charel an seng Equipe fir iech eng Porrettenzopp, als Haaptplat traditionell agemaachten Hierken an ...
27/10/2026

Dës Woch kacht eise Charel an seng Equipe fir iech eng Porrettenzopp, als Haaptplat traditionell agemaachten Hierken an Rahmzooss a zum Ofschloss herrlech Mëllech-Räis.

Prost e gudden Appetit a bis ganz gläich...

Elo nei op eiser Suggestiounskaart:Ris de Veau mat engem Toast aux trois Champignons a mat Courge Butternut rôtie.Kommt ...
21/10/2026

Elo nei op eiser Suggestiounskaart:
Ris de Veau mat engem Toast aux trois Champignons a mat Courge Butternut rôtie.
Kommt laanscht a loosst iech verwinnen!

Prost e gudden Appetit a bis ganz gläich...

Richteg, typesch Lëtzebuergesch gëtt et och des Woch op eisem Wochemenü.Eng gutt Kürbiszopp fir ze wiermen, duerno klass...
20/10/2026

Richteg, typesch Lëtzebuergesch gëtt et och des Woch op eisem Wochemenü.

Eng gutt Kürbiszopp fir ze wiermen, duerno klassesch Rëndsrouladen mat bronger Zooss an hausmaacher Püree a fir séiss ofzeschléissen hu mir wonnerbar Wäffelcher gebak, zerwéiert mat enger Boule Vanill.

Prost, e gudden Appetit a bis ganz gläich...

Kommt laanscht a schmaacht eisen néie leckere Istanbul Burger mat Hämmelfleesch, roudem Kabes, Zwiwwelen, Tomaten, Papri...
15/10/2026

Kommt laanscht a schmaacht eisen néie leckere Istanbul Burger mat Hämmelfleesch, roudem Kabes, Zwiwwelen, Tomaten, Paprika an enger Jughurt Zooss.

Prost e gudden Appetit a bis ganz gläich...

Ketty Thull, Maischi Tibesart, Sylvie Bisdorff...Et ass kee Geheimnis, dass mir op der Koeppchen begeeschtert vun der Lë...
13/10/2026

Ketty Thull, Maischi Tibesart, Sylvie Bisdorff...Et ass kee Geheimnis, dass mir op der Koeppchen begeeschtert vun der Lëtzebuerger Kichen sinn. Ab dëser Woch steet dofir och nach eise Wochemenü ganz ënnert dem Dogma: Richteg, Traditionnell, Lëtzebuergesch! Freet iech all Woch op déi grouss Klassiker aus eiser Heemecht. Lass geet et mat Champignons-Toast, Eeër mat wäisser Zooss an Äppelbeigneten. Denschdes bis Freides, Mëttes an Owes.

Eng leschte Kéier fir des Joer op der Terrass iessen? Des Woch mam belsche Klassiker Waterzooï de Poisson, Poireaux à la...
06/10/2026

Eng leschte Kéier fir des Joer op der Terrass iessen?

Des Woch mam belsche Klassiker Waterzooï de Poisson, Poireaux à la Vinaigrette an engem Brownie mat Nëss.

Prost, e gudden Appetit a bis ganz gläich...

Adresse

9 Berreggaass
Wormeldange
5485

Heures d'ouverture

Mardi 12:00 - 13:30
18:00 - 21:30
Mercredi 12:00 - 13:30
18:00 - 21:30
Jeudi 12:00 - 13:30
18:00 - 21:30
Vendredi 12:00 - 13:30
18:00 - 21:30
Samedi 12:00 - 13:30
18:00 - 21:30
Dimanche 12:00 - 13:30
18:00 - 21:00

Téléphone

+352760046

Notifications

Soyez le premier à savoir et laissez-nous vous envoyer un courriel lorsque Koeppchen publie des nouvelles et des promotions. Votre adresse e-mail ne sera pas utilisée à d'autres fins, et vous pouvez vous désabonner à tout moment.

Contacter L'entreprise

Envoyer un message à Koeppchen:

Raccourcis

Partager

Catégorie

Restaurants à proximité